De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d’œuvre. Gläichzäiteg ginn d’Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d’Realitéit fir déi Persounen aus?nWéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt? Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d’Erausfuerderungen an d’Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint. 1cm, en neie Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéiert elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.
Lëtzebuerger Journal
Sign up to track rankings and reviews from Spotify, Apple Podcasts and more.