RTL Radio Lëtzebuerg

80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv

Categories

History

Number of episodes

9

Published on

2025-01-20 23:00:00

Language

Luxembourgish

80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv

What’s This Podcast
About?

Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich eragezunn, wéi et vun Nazi-Däitschland iwwerfall gouf. De Grand-Duché war bis September 1944 besat. Den 10. September sinn US-Zaldoten an d'Stad agezunn. D'Freed vun der Lëtzebuerger Populatioun iwwert déi zeréckgewonne Fräiheet war grouss. Dee Moment konnt nach kee wëssen, datt se just vun zimmlech kuerzer Dauer sollt sinn. De 16. Dezember 1944 ass déi däitsch Wehrmacht nämlech am Kader vun der Ardennenoffensiv nees an d'Éislek amarschéiert. Bis Enn Januar sollten déi deels ganz bluddeg Kämpf daueren. Réischt den 12. Februar 1945 gouf mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit. An dësem Podcast kuckt de Marc Hoscheid mat verschiddene Gespréichspartner op d'Evenementer vun deemools zeréck.

Podcast Urls

Podcast Copyright

CLT-UFA S.A.

Start monitoring your podcast.

Sign up to track rankings and reviews from Spotify, Apple Podcasts and more.